Uebst

Fir e qualitativ héichwäertege Branntewäin ze produzéieren brauch een Uebst

vu beschter Qualitéit, net e punkto Faarw, Form a Gréisst, mee vu beschter Qualitéit am Sënn vun Goût an Zeidegkeet. D’Uebst däerf net ugefault oder verduerwe sinn. Nom Motto, „Nëmmen dat Uebst, wat een nach selwer ësst, kënnt och an d’Faass“ verschaffe mir just Uebst wat um Bam zeidege konnt. Dest Uebst gëtt dann direkt verschafft.

Zeideg Mirabellen um Bam

Mirabellen ginn op e „Prabbeli“ gerësselt

An eiser Brennerei gi folgend Uebstzorte agemaischt:


Käerenuebst


Äppel: Rambour, Boscoop, …

Biren: Williamsbiren, Neelchesbiren, Brunnenbirne, Schweizer Wasserbirne

Quidden

Hondsaarsch (däitsch: Mispel oder franséisch: nèfle)


Steenuebst


Kiischten

Sauerkiischten

Mirabellen: Mirabelle de Nancy

Reine Claude: Große Grüne Reneklode, Oullins Reneklode

Quetschen: Luxemburger Hauszwetschge

Aprikosen

Schléiwen

Praumen


Bieren


         Äerdbier

Hambier


Verschiddenes


Drauwen

Marc vum Gewürztraminer

Wäinheffen

Fruut

D’Mirabellen mussen nach sortéiert ginn.