Vum Brennen
Vum Brennen
Soubal d’Uebst komplett verguer ass, dest kann schon no 2-3 Wochen de Fall sinn, muss et direkt gebrannt ginn. Nëmmen esou kann ee sécherstellen, dass een aus engem gudden Uebst en héichwäertegen Branntwäi brenne kann.
Konscht vum Brennen besteet doranner just d’Mëttelstéck ze huelen. Am Frankräich gëtt dest oft „Coeur de chauffe“ also d’Häerzstéck vum Brannt, genannt. De Virschotz an den Nolaf gehéieren net an de fäerdege Branntewäin.
D’Häerzsteck gëtt e Kuerffläeschen oder an Inoxtanke versuergt. No fréiestens 3 Méint gëtt et mat destilléiertem Waasser verschnidden fir et op déi gewënschte Stäerkt erof ze setzen. Bei eis gëtt alles op 48% vol. gemach. Bei desem Alkoholgehalt huet een e gréisst méiglechen Aroma ouni dass den Alkohol iwerweit.
© 2017 distilleriemlc.lu